ASTI: MIXING LUXEMBOURG - eise Raichtum an Téin
Zu Lëtzebuerg hu mer e Mix vu Kulturen, Sproochen, Faarwen, Téin a Geräischer.
MIXING LUXEMBOURG ass e Concours dee vun der ASTI organiséiert gouf am Kader vun der Initiative MAKING LUXEMBOURG, wou d'Kandidaten opgeruff waren Tounstécker ze schaafen, fir des Mëschung an der Gesellschaft nëmme mat Hëllef vun Toun erëmzespigelen.
Ënnert der Leedung vum Kënschtler Serge TONNAR, hunn déi sélectionnéiert Kandidaten, hier Iddien mat Hëllef vu Profesionellen aus dem Centre de Ressources vun der ROCKHAL an dem RADIO 100,7 ëmgesat. Erauskomm ass en interessante Mix vu Musek, Rap, Gedichter, Touncollage, Hörspill an aaner Toun-Experimenter. D'Sortie vum CD ass op Nationalfeierdag, den 23. Juni.
MIXING LUXEMBOURG ass e Projet vun der ASTI, am Kader vun MAKING LUXEMBOURG, an Partnerschaft mam RADIO 100,7, dem Centre de ressources vun der ROCKHAL, mat der finanzieller Ënnerstëtzung vum Service National de la Jeunesse, der Stad Esch, dem Fonds Culturel National, der Fondation ATOZ an der SACEM.
Den CD ass fir de Preis vun 10€ an der ASTI ze kreien.
Dir kennt en och op dem site www.mixingluxembourg.lu bestellen oder bei ärem Diskhändler kaafen.
Weider Infos op www.mixingluxembourg.lu
Communiqués liés
Hilton bietet in Zusammenarbeit mit der Advanzia Bank eine H...
Mitglieder kommen in den Genuss einer Reihe von Vorteilen, darunter ein exklusiv...
Première année complète d'activité : MyConnectivity a é...
Le rapport annuel 2023 résume les étapes les plus importantes pour le pays et ...
Banque de Luxembourg renouvelle la gouvernance de son activi...
La Banque de Luxembourg insuffle une nouvelle dynamique au développement de ses...
Des investissements importants pour un avenir solide
Malgré une demande en baisse sur certains marchés de vente, le Plansee Group a...
Villeroy & Boch AG: Neuorganisation der Vorstandsressorts
Der Aufsichtsrat der Villeroy & Boch AG hat heute eine strukturelle Neuorganisat...
Il n'y a aucun résultat pour votre recherche